De Superjhemp


Verzielt vum Lucien Czuga (6.12.1954 - )
Gezeechent vum Roger Leiner (2.2.1955 - 29.12.2016)
Editions REVUE
Wéi eng Bänn gët et?
Zënter 2017 gët et keng nei Bänn méi, well de Roger verstuerwen ass.

2019 koum bei "De Verlaach" De Superjhemp ënnert dem Röntgebléck eraus, vum Claude D. Conter, Claude Kremer an Anouk Stephano.
Cover a Récksäit.

01 De Superjhemp géint de Bommeléer.

Deen éischte Band. Erauskomm 1988, 46 Säiten. Op der Säit 46 stung deemols: Dës Episod as fäerdeg! Mais wi su oft gouf de Lieser op d'A gedréckt: 1991 koum di 2. Oplo vun dësem Band eraus. Si gouf em 2 Säiten Epilog erweidert. E "Muss" fir all Superjhemp-Fan, och dës Oplo ze kafen.

02 Dynamit fir d'Dynastie

Dépôt légal November 1989, 48 Säiten. Op der Récksäit vun dësem Band gët Reklam gemaach fir deen éischte Band, fir een zweete Band mam Titel "D'Affär Hexemeeschter" a fir de Band Dynamit fir d'Dynastie. Bei der Affär Hexemeeschter stung a Klammeren "nët opzedreiwen". All Mënsch huet dee Band mat Verzweiflung gesicht, awer keen huet e fonnt, well et en nët gouf.
Eng zweet (identesch) Oplo koum 1992 eraus.

03 D'Affär vum Jorhonnert

Dépôt légal November 1990. Nach ëmmer as d'Affär Hexemeeschter nët opzedreiwen. Mëttlerweil as dee Band awer op di 3. Plaz geréckt an d'Affär vum Jorhonnert steet als Nummer 4 do. Dëse Band passt nët an d'Rei (En as en halwen Zantimeter ze héich an ze breet).

04 Den Dossier Hexemeeschter

1991 am November war et dun esou wäit. D'Affär Hexemeeschter as en Dossier Hexemeeschter gin, an domat konnte vill Superjhemp-Freaken opotmen. Witzegerweis gouf op der Récksäit dun een neien imaginäre Band ugekënnegt: "D'Superketty an de Fluch vum grénge Wak". Leider as dee Band bis haut nach nët gezeechent a geschriwwen. (Kuck och d'Krëschtgeschicht vun 1996) P.S. : Dëse Band hun ech 2mol (ech hun direkt ee missen hun wéi en erauskoum a meng Fra hat mer ee mat enger Widmung vum Rosch a vum Luss kaaft)

05 Panik am Studio 4!

Am November 1992, ëmmer schéi brav ee Joër no deem aneren, as de Band 5 erauskomm. Hannendrop ze liesen et wäer e Wonner datt een nach ee kritt hätt, well all di aner sin entweder vergraff, hyper-vergraff, mega-vergraff oder giga-vergraff.

06 Superjhemp contra Superjhemp

November 1993. De Band 6 kritt am Lëtzebuerger Land keng esou eng gudd Kritik méi. Den Autorenteam kritt geroden, eng Paus ze maachen. Desweidere gët de Lieser erëm eng Kéier vertréischt, wat d'Erauskomme vum Superketty-Album ubelaangt: vläicht ... 1995?

07 D'Geheimnis vun der Waliss

Mer sin am November 1994. D'Serie leeft also regelméisseg virun. Keng Allusiounen op zukünfteg Bänn.

08 Requiem fir de Superjhemp

De Roger an de Lucien hun Iwwerstonne gemaach. Dësen Album koum schon am September 1995 eraus. Vum Kätti as bis haut näischt ze gesin (5.12.1997)

09 Operatioun Grouss Botz

Ech hun en zënter dem 23. November 1996. E war op der Bestsellerlëscht vun de Messageries du livre.

10 Geheimcode Bloë Stär

11 Aktioun Réiserbunny

En Album mat Kuerzgeschichten (März 1998). Ënner anerem sin d'Krëschtdagsgeschichte vun 1989 bis 1997 dran (weider ënnen opgezielt)
  1. De Superjhemp an de Réiserbunny (1998)
  2. Dat klengt Meedchen an de Krëschtmännchen (1989)
  3. De Superjhemp an di eidel Krëppchen (1990)
  4. Dem Schrobildgen säi Krëschtbeemchen (1991)
  5. D'Rätsel vum Palais (1992)
  6. Dem Superjhemp säi Bouf (1993)
  7. De Superjhemp kënnt op den Hond (1994) an
  8. De Superjhemp an d'Schwéiermamm (1995)
  9. Charel Kuddel: Eleng doheem (1996) [mam Superketty - cf den Album "De Fluch vum grénge Wak"]
  10. Däischtere Krëschtdag (1997)
  11. Wéi de Superjhemp op d'Welt koum! (1998)

12 D'Patte wech vum Luxonit (1998)

13 Terror ëm den Troun (1999)

14 Lescht Chance fir Luxusbuerg (2000)

15 Alarm am Örozuch (2001)

16 S.O.S. COSA MIA (2002)

17 D'Aaxt vum Béisen (2003)

18 De Fluch vun der 23 (2004)

19 Countdown fir Kachkéisien! (2005)

De Comeback vum Bommeléer

19 Countdown fir Kachkéisien! (2005)

Limitéiert Spezialeditioun. Nr 332/500.
Hei as en anere Schluss wi an der "normaler" Ausgab. Di 2 lescht Panele vun der Säit 47 an d'Säit 48 hun nei Biller.

20 Déck Mënz fir de Prënz (2006)

21 De Superjhemp an déi grouss Gefor (2007)

22 Kids, Kachkéis a Kuddelmuddel! (2007) Kuerzgeschichten

  • E Santermärchen - Nei-Osch-Geschicht (1998)
  • 2000 an eng Nuecht (1999)
  • Bild "Superjhemp a Super-Metti, dem Superjhemp säi fils" (ouni Datum)
  • De Superjhemp an de Bouf mam Krëschtstär (2000)
  • De Superjhemp an de grénge Kleeschen (2001)
  • Bild "Superketty" (ouni Datum)
  • D'Famill Kuddel am Wantersport (2002)
  • Krëschtdag zu Spaasseg (2003)
  • Bild "Schrobiltgen" (ouni Datum)
  • De Superjhemp an de Kloterkleeschen (2004)
  • De Superjhemp an d'Haus, dat liicht! (2005)
  • Bild "Superman Karikatur" (ouni Datum)
  • De Ramplassang (2006)
  • Brulli - e biologeschen Exposé iwwer de "Capillomaximus Jhéissensis" (2007)
  • Mil meets Superjhemp (2005)

    23 De Kinnek vun Öropa (2008)

    24 Crash am Paradäis (2009)

    25 De Superjhemp géint de Kriseriis! (2010)

    26 Méga-Manace fir de Velos-Ass! (2011)

    27 Bëssegt Blot Blutt (2012)

    mat enger halwer Säit Comic vum Joe Leiner :-)

    28 ...Vu Cliquen, Klucken a Klacken (Geschichte mam Littel Superjhemp Säiten 1-46, Fortsetzung am Band 31) (2013)

    29 Aventuren am schéine Stär an aner Geschichten (2015) Kuerzgeschichten

  • Vu Fall zu Fall an der Belle Etoile
  • De Superjhemp an d'Hémoglobomm
  • De Superjhemp an de Chrëschtgagsbrot
  • E Chrëschtdags-Carole
  • Wou ass de Willy?
  • Dem Sandra säi Frënd
  • Dem Félicie seng Kur (mam Superjhemp an enger Gaaschtroll)

    30 Amnesie fir d'Monarchie (2014)

    Di éischt 44 Säiten "Amnesie fir d'Monarchie", di läscht 4 Säiten "Dem Superjhemp seng Originen"

    31 Vu Geessen, Gussen a Gaassebouwen!! (Geschichte mam Littel Superjhemp + 1 Chreschtgeschicht) (2016)

  • Geschichte mam Littel Superjhemp (Säite 47-88, Fortsetzung vum Band 28)
  • De Supermetti géint de Marius Kabes (2014)

    Hei sin all Titelbiller (Cover wi een esou schéi seet)


    Derniewt koumen nach e puer Klengechkeeten eraus


    Wat hun de Roger Leiner an de Lucien Czuga nach erausgin?

    Roger Leiner a Robert Soisson

  • Ech och! - Billergeschichten iwwert Kannerrechter (2001)

    Wann ech eppes sollt vergiess hun oder nët gewosst hun (wat ganz gud méiglech as), da schreiwt mer w.e.gl. fir des Säit kënnen ze vervollstännegen. Merci.

    Ech mengen et as awer zimlech komplett, well haut (26.4.1996) krut ech e Fax vum Guy Ludig vun der Revue, an do stung alles drop wat gefeelt huet.

    D'Krëschtgeschichte krut ech leider zënter e puer Joër nët méi, well ech am Ausland wunnen a keen Zougang zur Revue hun...
    mais se si jo elo alleguer publizéiert...


    Vun der Säit Liewenslaf Roger Leiner

    Créateur avec Lucien CZUGA du “Pechert”:

    2 albums regroupant les mésaventures du Pechert (PECH FIR DE PECHERT, PROTOKOLLEGEN) parus aux éditions “Weekend” en 1989 et 1993; le 3e album “PECHERT-MELBA et un PECHERT-PICCOLO sont parus aux éditions “Revue” et une série de 36 cartes postales

    Avec Lucien CZUGA en tant que scénariste, dessinateur de la B.D. DE SUPERJHEMP (Ed. Revue):

    -DE SUPERJHEMP GEINT DE BOMMELEER (Tome 1 - 1988)
    -DYNAMIT FIR D’DYNASTIE (Tome 2 - 1989)
    -D’AFFÄR VUM JORHONNERT (Tome 3 - 1990)
    -DEN DOSSIER HEXEMEESCHTER (Tome 4 - 1991)
    -PANIK AM STUDIO 4 (Tome 5 - 1992)
    -SUPERJHEMP CONTRA SUPERJHEMP (Tome 6 - 1993)
    -D’GEHEIMNIS VUN DER WALISS (Tome 7 - 1994)
    -REQUIEM FIR DE SUPERJHEMP (Tome 8 - 1995)
    -OPERATIOUN GROUSS BOTZ (Tome 9 - 1996)
    -GEHEIMCODE: BLOË STAER (Tome 10 - 1997)
    -AKTIOUN REISERBUNNY (Tome 11, histoires courtes - 1998)
    -D’PATTE WECH VUM LUXONIT (Tome 12 - 1998)
    -TERROR EM DEN TROUN (Tome 13 - 1999)
    -LESCHT CHANCE FIR LUXUSBUERG (Tome 14 - 2000)
    -ALARM AM ÖRO-ZUCH (Tome 15 - 2001)
    -S.O.S. COSA MIA (Tome 16 - 2002)
    -D’AAXT VUM BEISEN (Tome 17 - 2003)
    -DE FLUCH VUN DER 23 (Tome 18 - 2004)
    -COUNTDOWN FIR KACHKEISIEN (Tome 19 - 2005)
    -DECK MËNZ FIR DE PRËNZ (Tome 20 - 2006)
    -DEI GROUSS GEFOR (Tome 21 - 2007)
    -KIDS, KACHKEIS A KUDDELMUDDEL (Tome 22, histoires courtes - 2007)
    -DE KINNEK VUN ÖROPA (Tome 23 - 2008)
    -CRASH AM PARADÄIS (Tome 24 - 2009)
    -MISSIOUN MËTTELMIER (Album hors-série - 2010; Ed. Revue/Neptun Cruises)
    -DE SUPERJHEMP GEINT DE KRISERIIS (Tome 25 - 2010)
    -MEGA-MENACE FIR DE VËLOS-ASS! (oder: DE SUPERJHEMP AM TOUR DE FRANCE) (Tome 26 - 2011)
    -BESSEGT BLOT BLUTT (Tome 27 - 2012)
    -DE LITTEL SUPERJHEMP - VU CLIQUEN, KLACKEN A KLUCKEN! (Tome 28 - 2013)
    -AMNESIE FIR D’MONARCHIE (Tome 29 - 2014)
    -DE LITTEL SUPERJHEMP - VU GEESSEN, GUSSEN A GAASSEBOUWEN!! (Tome 30 - 2016)


    Zréck / Back to the main page